"ex-Nemo" bréngt Schnéi um Donneschten Metteg an Owend !

Gudden Metteg alleguerten um Mettwoch,den 13.2.2013 um 15.30 Auer.

Fir d’éischt mol : Oppassen - neien Schnéifall ab Donneschten Metteg an Owend en Vue ! Ursaach fir dén Schnéi,spéider Schnéiréen an Réen,oder Aisréen wärd den „ex-Blizzard NEMO“ sin,dén un der Nordost-Küst vun den USA sain Onwiésen gedriwen hat,bis zu 70 cm Schnéi an Orkanspetzten vun bis zu 124 km/h do bruecht hat…….
…..mée kéng Panik,esou rasant géet et bai eis um Donneschten an Freiden net zou – mée trotzdém sollt éen Virsiicht walten lossen,well dach puer cm Neischnéi zesummen kommen wärten !

Mée alles mol der Reih no - wéi bai der Äppelfraa ! ;-) Nun……

Haut an Donneschten Moien profitéieren mir mol vun liichtem Zweschenhéichanfloss ! Wéi viraus gesot,ass den Barometer bis op bal 1025 hPa geklommen an stagnéiert aktuell op héichem Niveau – awer net fir ganz laang,well :

Ab Donneschten Metteg an Owend zitt et erem zou,an éng okkludéiert Front – déi vum „ex-NEMO“ wart nemmen drop fir muer iwer eis ewéch ze zéihen !
Aktuell lait déi Front nach wait westlech vun eis iwer England an dem Engleschen Kanal ! Dem „ex-NEMO“ sain Kär befend sech mat ca.990 hPa zweschen Island an Schottland !

Vue que dass mir nuets an och déelweis am Dag fraschteg Werter hun,an dat och bis Donneschten Metteg iér déi Front bai eis eran zitt,ass folglech fir d’éischt mat Schnéifall,dono mat Schnéiréen an Réen iwergohend ab der Nuecht vun Donneschten op Freiden an Freiden Moien !

Laut Software können alt erem zweschen 3-5 cm Neischnéi falen – iér dat ganzt dann an déelweisen Réen iwer géet,an dat,well d’Temperaturen um Freiden bis op +3°C klammen wärten !

D’Stroossen können erem soumat geféiherlech glaad gin,wann den Schnéifall muer ansetzt ! D’Schnéifallwarscheinlechkéet lait muer Metteg an Owend bai ca.70% ! Oppassen démno op den Stroossen !

Um Weekend bleiwt et wiésselhaft an onbestänneg,wou et am Dag bis zu +4°C gin können,mée opppassen : Nuets kann et dann erem liicht ennert den Gefréierpunkt gohen mam Queckselwer !

Sou „ex-NEMO“……mir waarden op dech ! ;-)

Aktuellen Barometerstand um 13.35 Auer : 1024,0 hPa --- Tendenz glaichbleiwend aktuell - muer fällt den Barometer mat der neier Schnéifront erem op ca.1015 hPa !

Wehnert Achim – Eechternoach. :-)