Hallo alleguerten ! :-) Méinden,den 22.7.2013
War dat net éen Super-Summerweekend wéi aus dem Billerbuch ?? Hat ech éech zevill versprach ??
Alléng vun leschten Freiden 7.00 Auer moies bis Sonndes owes 20.00 Auer goufen et 43 Sonnenstonnen - an dozou Werter bis zu +32°C um Samsden - um Sonnden haten mir hei zu Eechternach éng Maximal-Temperatur vun +34,5°C,ech denken dat war déi höchsten Temperatur um Weekend hei am Land,déi ech hei gemooß hun !
Kommen mir zu den Aussiichten :
Nach stin mir ennert Héichdrockanfloss,mée den Loftdrock get elo schun lues an lues ofgebaut ! Haten mir um Samsden nach knapp 1020 hPa,sou louch den Loftdrock um Sonnden nemmen nach bai 1018 hPa - Tendenz liicht falend bis Mettwoch op 1014 hPa,well éen Frontensystem sech op Letzebuerg mecht,wat dann den Numm "YOHANNES" oder "ZAKI" droen wärt !
+++Den Bösch-an Wisenbrandindex lait bis den Densden zweschen 3 an 4 Punkten vun 5 op der Gefoeren-Skala - dat héescht,dass éen nach emmer virsiichteg soll sin am Emgang mat offenem Feier !+++
Och um Méinden gin ach mol zweschen +32 an +34°C erréecht,d'Hetztbelaaschtung ass um Méinden nach mol ganz héich ! Och um Densden sin nach mol Werter vun knapp iwer +30°C dran,iér dann aus Südwesten emmer méi schméier get,zumols den Wand vun Nordost bis Ost dann op Südwest dréiht ! Dann kommen méi fiicht Loftmasen an d'Spill,sou dass vill Leit déi Wiérmt als dréckend warem empfannen wärten !
Wiéderen méiglech ab Mettwoch :
Ab Mettwoch leien mir dann an énger sougenanntener Tiefdruckrinne,wou dann an der schmeierer Loftmass och éenzel Wiéderen denkbar sin ! Wéini genau,an wéi hefteg dat gin kann,ass elo nach net mat absoluter Secherhéet kloer,mée soubal sech eraus schiélt dass Onwiédergefoer besteht,kritt dir dat un den Hals gepescht !
Eng Kalfront géif eis dann ab Mettwoch erréechen,wann déi dann op déi schmeier Loftmass klaackt,sin Wiéderen denkbar ! Natirlech bleiwen ech do hannendrun wéi den Fouss hannert der Gäns !
Gegebenenfalls schécken ech éech dann um Densden bai Bedarf éng Onwiéderwarnung !
Majo....mée elo duerf nach mol gudd geschwéeßt gin,denkt drun weiderhin vill ze drenken an éech locker ze kléeden fir éen méiglechen Wärmestau ze verhenneren !
P.S.1) Sou wéi et aktuell op den Kaarten ausgesait,wier et ab Donneschten erem méi drechen,mée allgeméng awer dompesch - zumols nexten Freiden,Samsden an Sonnden wieren dann erem Werter vun dompeschen +30°C oder méi méiglech - mée dann och erem mat der Gefoer vun Wiéderen !
Mée dat kucken mir am Verlaaf vun der Woch wéi den nexten Weekend sech entwéckelen wärt ?!
P.S.2) Bis elo haut um Méinden sin fir desen Mount schun 270 Sonnenstonnen ze verzéechnen,schun 40 Sonnenstonnen méi wéi am Normal-Durchschnett fir éen Juli - an ech wetten bis Enn des Mounts sin et gudd 300 Sonnenstonnen,oder viialicht nach méi ?!
Kommt gudd an déi nei Woch an gudd durch déi ellen dréckend Hetzt um Méinden an Densden !
Wehnert Achim - Eechternoach. :-)