Wanteranbroch mat Neischnéi en Vue !!

Gudden Metteg alleguerten um Donneschten,den 7.3.2013 um 12.10 Auer.

Et gin Neiegkéeten vun der Wiéderfront - an wéi schun mol ungedeit,kennt et ab spéiden Sonnden Owend bis an déi nei Woch eran zu éngem fermen Wanteranbroch,déi dann un naischt méi vun Virfréihjoer erenneren wärten !

Trotzdém,déi Sonnenstrahlen vun den leschten Déeg hun gudd gedoen ! Geschter haten mir hei zu Eechternach Maximalwerter vun bis zu +17,1°C erréecht ! Och soss waren et bis zu +15°C am Land !

Spetzenreider war Waasserbelleg mat +18,4°C laut éngem ganz zouverléissegem Wiéderfräsch-Kollég !

Kucken mir kurz op d'Sonnenstonnen zeréck,sait dass mir beschen Fréihjoer hun an wou ech éech prophezeit hat,dass mir an den éischten Märzdéeg méi Sonnenstonnen géifen kréien wéi am ganzen Februar : Nun.... :

Sait dem Samsden,den 2.3.bis geschter dem Mettwoch,den 6.3.haten mir hei zu Eechternach ronn 36 Sonnenstonnen !

Folgedém hun ech Wuert gehalen !

Sou,kommen mir zu den Aussiichten,déi alles anescht wéi virfréijoerlech sin !! ......

.....mir mussen ab Sonnden an den saueren Apel baissen - well d'Temperaturen sacken an den Keller ! Firwaat ?? Nun :

Et fänkt schun alles lues an lues um Freiden un,et bleiwt zwar nach mell hei zu Letzebuerg bis Samsden mat Werter daitlech iwer +10°C,mée zu dém Zaitpunkt gin et an Nord-Ost an Nord-Daitschland schun wanterlech Werter vun em déi 0°C - am Dag wuelverstannen !

Lues an lues dréckt éng Kalfront aus Norden eran,déi mat énger Loftmassengrenz nach emmer déi warem an déi kal Loft vun enéen trennt !

An den kennt dat,wat ech an der Meteo éen Paukenschlaag nennen :

Gin um Samsden nach mol Werter bis zu +12°C erréecht,sou sin et der den Sonnden just nach maximal +7°C am Dag - mat falender Tendenz !

Oppassen dann am weideren Verlaaf,wou d'Temperaturen dann anbréechen wärten : Gin um Sonnden nach mol bis zu +7°C erréecht,sin et um Méinden just nach em 0°C am Dag !

An aneren Wiérder : Een markanten Temperatur-Stuurz steht un !

***An der Nuecht vun Sonnden op Méinden an Méinden selwer kennt et dann och hei zu emmer méi wanterlechen Impressiounen - Schnéi mellt sech un bis enner 300 Meter !! Glaad Stroossen inclus !! Och am Dag dann nach éenzel Schnéischaueren !

Um Densden dann lait Letzebuerg ennert énger cm-décker Schnéidecken !

Zu dém Zaitpunkt ass déi Schnéifront dann iwer eis an um Méinden muss verbréed mat wanterlechen Stroossenverhältnisser gerechnet gin*** !!
Dann huet den Wanter nach mol voll zougeschloen !!

Laut den aktuellen Kaarten können hei am Land bis Densden Schnéiquantitéiten vun 5-10 cm (Ännerungen sin nach méiglech) zesummen kommen !! Ech muss jo do net extra betounen,dass et dann zu schwiergen Stroossenverhältnisser kommen kann !

Ab Densden ass dann am Dag landeswait liichten Frascht ungesot - nuets kann den Queckselwer dann bis op -5 bis -10°C falen !

Zum Wand ab Méinden Metteg : den Wand kennt dann aus Nordosten an kann dann Spetzten vun bis zu 55 km/h erréechen ! Durch déi souwiesou schun kal Temperaturen am Dag fillt sech dat ganzt dann nach méi aiseg un :

+++Den sougenanntenen WINDCHILL-FAKTOR spillt dann erem an d'Loft-Temperatur fillt sech dann schnell wéi -8°C un op der Haut !+++

Dir gesitt,den Polar-Express mellt sech un an der Nuecht vun Sonnden op Méinden an um Méinden bis mindestens Mettwoch nexter Woch !

Stellt alt är Schnéischeppen prett an halt Mutz,Schal an Händchen parat !

Tjo....haut an muer nach em déi +14°C - um Méinden just nach em 0°C ! Wann dat kéen Tempertaur-Stuurz ass....??! ;-)

Wehnert Achim - Eechternoach.