Nach ass et mell - mée glaich kennt den Wanter !


Hallo alleguerten um Méinden,den 26.11.2012 um 14.00 Auer.

Den Wanter mellt sech un ab Mettwoch/Donneschten !!

Iér ech zur eigentlecher Meteo fir déi kommend Woch kommen wou et jo ab Donneschten lues an lues anwantert wat d’Woch méi all get,wollt ech nach éen kléngen Notrag halen zu dém Stuurmdéif „FRANZISKA“,wat ech jo ungekönnegt hat sait puer Déeg :

Vill Wand um Sonnden wéi dir gemiérkt huet - hat ech dach 50-60 km/h an Aussicht gestallt,sou hat den Wand awer nach éng Schepp bai geluecht : Et goufen nämlech am Land Plaatzen,wou den Wand aus Südwesten et bis op Spetzten vun 75 km/h bruecht hat ! Soss waren et am Land Spetzten zweschen 50-65 km/h !

Zu Tréier um Petrisberg goufen et suguer Stuurmböen vun bis zu 90 km/h !

Stiirmesch Böen konnten mir erliérwen um Sonnden – Ursaach war dat kléngt Orkandéif „FRANZISKA“,wat mat éngem Kär vun 981 hPa vun Süd-England iwer d’Nordséi an Richtung Skagerrak (Dänemark) gezun war !
Bai eis war den déifsten Barometerstand mat dessen Passage 1009 hPa um 5.00 Auer moies,ab 6.00 Auer moies gouf et dann och stiirmesch Böen hei am Land.

Holland,souwéi den Nordwesten vun der Belge hat et gudd getraff – do goufen et Wandvitessen vun 100-120 km/h ! Dat ass orkanarteg !

Aktuell steht den Barometer schun erem bai 1015,4 hPa an den Wand huet sech berouhegt an dat Orkandéif ass mettlerweil um Skagerrak unkomm !

Sou…wéi géet et weider an der Wiéderkichen ?? Majo…elo kennt ab Mett der Woch dat op eis zou,wat sech Wanter nennt !

Ech sot éech jo schun sait geraumer Zait,dass zweschen dem Héich „PENG“ (1035 hPa) iwer dem Atlantik an dem Déif „HEIKE“ (995 hPa),wat sech vum Mettelmiér an Richtung Alpen,wieder iwer d’Alpen bis hin no Osteuropa,sprech Polen wärd bewéegen.

Durch déi Konstellatioun vun Héich an Déif,déi sech dann géigeniwer leien,könnt éng nördlech Stréimung an Gang,déi aus dem Polargebitt an Skandinavien kal Loft no Metteleuropa verfracht !
Wat d’Woch méi aal,wat et méi kal get – an dat gesait folgendermooßen aus :

Virum „HEIKE“ ass et nach dat Déif „GABRIELE“,wat vun Süd-England och an d’Nordséi zitt,an soumat nach mol bis zum Densden mell Loftmassen aus Südwesten erun transportéiert !

Um Méinden ass esou mat neiem Réen ze rechnen,an dat schun moies ! Dén Réen hält och nach bis Méinden Metteg un an den Queckselwer schnellt bis op +11°C erop !
Um Densden dann ass et net méi grad esou „warem“,mée dann gin nach emmer bis zu +9°C erréecht !

Sou…..an dann kennt den Wiéder-Emschwong !! Ab Mettwoch dréiht den Wand lues an lues op Norden,an dann sickert emmer méi kill Loft an,an den Wiéder-Wiéssel fend statt ! Mettwoch just nach +6°C maximal – Donneschten dann nach am Dag +5°C – Freiden +3°C – Samsden just nach wéineg iwer 0°C !
An der Prévisioun gin et och Schnéiflacken-Symboler ** - also ass et méi wéi secher,dass am Verlaaf vun der Woch och beschen Schnéi warscheinlech ass,zumols am Norden vum Land op 450-550 Meter ! Grouss Quantitéiten stin elo mol net (!) an Aussiicht laut den aktuellen Kaarten !

Oppassen – desen Weekend war nach mat bis zu +14°C immens mell – mée den nexten Weekend get gebibbert – ech kann éech et flüsteren !! ;-) Zumols nuets fällt den Queckselwer dann bis op -5°C laut den aktuellen Kaarten - op Plaatzen sin nach méi déif Werter méiglech – dann gesait et esou aus moies fréih :

Schun an der Nuecht vun Mettwoch op Donneschten ass op Plaatzen mat em déi 0°C ze rechnen !

An aneren Wiérder : Den Wanter woht éen éischten seriösen Virstouss aus Nord-Nordost,wou sech éen wahrt Kéelt-Reservoir ungefellt huet !

Nach 2 Déeg mell – dono ongnädeg Emstellung op Wanter ! Léet éech alt éng warem Jaquette an éen kuschelgen Pullover op d’Sait fir den nexten Weekend ! Er kommt…..der Winter !! :-)

Schinnen Wochenunfag éech all – och wann et réent den Méinden an Densden ! ;-)

An – wat sot ech éech dann sait schun bal 14 Déeg ?? ;-))

Wehnert Achim – Eechternoach. :-)