Gudden Owend alleguerten um Sonnden,den 9.12.2012 um 22.20 Auer.
Et get aus meteorologescher Siicht erem esou Munches ze erziélen….. :-)
Wéi viraus gesot,ass et um fréihen Sonnden Moien zu weideren wanterlechen Nidderschléi komm ! Den Owend virdrun gouf et nach Minimal-Werter vun bis zu -8°C,dat um Samsden Owend ! Klirrend kal war et op éemol owes gin,déi bescht Viraussetzungen fir Nidderschléi als Schnéi,wann méi mell Nordséiloft op Fraschtloft trefft ! ;-)
Et gouf aus Westen Wandspetzten bis zu 55 km/h…..wéi viraus gesot !
Ursaach fir déi Nidderschléi als Schnéi (spéider Schnéiréen an Réen) war dat kléngt,awer wiéderintensivt Déif „MARIE“,wat vun Island koum,dun weider an déi südlech Nordséi gezun war ! Kärdrock ca.995 hPa.
An mam „MARIE“ kréien mir et och um Méinden nach ze doen – et können nach Schaueren gin,déels als Schnéiréen,iwer 300-400 Meter an driwer och als naaßen Schnéi ! Naass eben dofir,well d’Loft am Dag um Méinden méi mell get an bis zu +3°C erréecht gin können !
Och um Méinden können nach mol Wandspetzten vun bis zu 50 km/h aus West-Nordwest gin !
Souvill zum Déif „MARIE“ ! :-) Wat könnt nom „MARIE“ ?? Nun : Neit Héich en Vue…..an déels fermen Nuetsfrascht ! „brrrr“ :-)
Um Méinden ass et wéi gesot nach wiésselhaft an onbestänneg,ab Densden baut sech vun Westen hir erem méi héichen Loftdrock op – éen neit Héich mam Numm „SCHORSCH“ (wat éen bescheuerten Numm),wat vun England bis no Franlkraich réecht,schnéiert der méi meller Atlantikloft den Hals zou ! ;-)
Mat der Wanddréihung op Norden ass dann den Wée erem frai fir kal Polarloft aus dem skandinaveschen Raum – an d’Temperatur géet um Densden schun miérklech an den Keller - also daitlech enner 0°C !
Um Densden huet eis déi Polarloft erem fest am Greff,sou dass just am Dag nach -2°C maximal dran sin,also am Fraschtberaich !
Um Densden Moien lait den Queckselwer bai -2 bis -4°C !
Um Mettwoch hollen durch Héichdrockanfloss och erem d’Sonnenundéeler zou – éng Madame aus der Groupe hei huet sech fir des Woch nach beschen Sonn gewenscht – dann maachen ech hir mol dén Gefalen ! ;-)
Mée stellt éech vun Densden bis Donneschten op allen Fall op déels staarken Nuetsfrascht an,wou et am weideren Verlaaf och mol bis -7,op Plaatzen och 2-stelleg Minimal-Werter gin kann ! Dat ass dann déi aiseg Skandinavienloft,déi eis bibberen léisst !
Vun Densden bis Donneschten wier et dann ennert Héichdrockanfloss gréisstendéels drechen,mat Minusgraden och am Dag ! Also…paackt éech gudd an an der neier Woch – et bleiwt alles an allem wanterlech bis Donneschten !
Wéi gesait et dono aus ab Freiden ?? Eischten Trend :
Méiglech ass,dass sech ab Donneschten Metteg um Nord-Atlantik éen grousst Orkandéif bild mat ca.960 hPa am Kär – mée elo kéng Panik,esou noh kennt et eis net mat aller Viraussiicht ! ;-)
Vis-a vis vum Orkandéif géif sech dann éen Russland-Héich bréed maachen mat ca.1055 hPa am Zentrum - wat dann dem Kampf der Giganten bedeiten géif ! Firwaat „Kampf der Giganten“?? Nun :
Déi 2 Drockgebilden versichen sech géigensaiteg ze bezwéngen ! Dat Héich well dann sain Anfloss no Westen ausbréeden,an dat Orkandéif séng Fühleren no Osten an Richtung West-an Metteleuropa ausstrecken ! An mir genau dozweschen !
Géif dat Orkandéif elo Iwerhand kréien,dann géifen mir an den Genoss vun mellen Loftmassen aus Süd-Südwest kommen,wat dann och fir d’éischt Schnéi,dann Réen géif bréngen,an virun allen positiv Maximal-Werter am Dag – an aktuell gesait et och dono aus,dass dat Orkandéif „gewannen“ géif ?! :-(
Mée dat kann ech éech réischt ab Mettwoch/Donneschten méi genau matdéelen !
Kéim et esou,dass dat Russland-Héich sech durchsetzen géif,dann géif aus Osten ferem Fraschtloft op Ost-an Metteleuropa stréimen ! Also – et bleiwt weider spannend an der Wiéderkichen an der neier Woch !
An wéi gesot……,éen warmen Pullover,Schal an Jaquette sin éen Must an den kommenden Déeg,déi vun Dag zu Dag emmer méi kal gin - op allen Fall mol bis Donneschten nach mat !
Kommt gudd an secher an déi nei Woch eran an passt am Stroossenverkéiher op ! ;-)
Wehnert Achim – Eechternoach. :-)