Strengen Frascht aus Osten en Vue - schneidenden Ostwand !


Gudden Owend alleguerten um Sonnden,den 29.1.2012 um 19.10 Auer.

Massiven Frascht en Vue - am Verlaaf vun der neier Woch och am Dag fraschteg !
Mée d'Nuechten wärten et an sech hun !! An wéi !! Aiseskéelt bahnt sech den Wée no Letzebuerg an der neier Woch !

Bis elo war ech am Verlaaf vun der neier Woch vun bis zu -10°C ausgaangen,mée et kéint nach méi spatz kommen !! Ech hun Software-Modeller,déi speziell vun Donneschten bis Freiden vun Minimal-Werter zweschen -10 an -15°C schwetzen ! Zumols an den Dallsenken vum Eisléck kéinten déi -15°C erréecht gin !

Och wann mir bis elo net den Wanter voll ze spieren kritt hun,sou schlaicht sech dach glaich éng ganz sériö "Kältewelle" un - an zwar mat éngem schinnen Bonjour aus Sibirien,well do huet déi Fraschtloft hiren Ursprong !

Verantwortlech fir dén Kéelt-Transport aus Osten ass dat staarkt an bestännegt Héichdrockgebitt "COOPER" iwer Nordwest-Russland,welcht ab Densden éen immens héichen Loftdrock unweist - nämlech zweschen 1055 - 1062 hPa ! Dat ass schun gehéiereg ! Bai eis wärd den Barometer am Verlaaf vun der Woch bis op gudd 1030 an 1035 hPa klammen !

Mée och schun ab muer Méinden stellt sech emmer méi kaált Wiéder an,Nuetsfrascht inclus,dén awer unfänglech nach moderat ausfällt ! Mée ab Mettwoch géet et dann richteg lass mat der Aiseskéelt,well dann get Letzebuerg an éng rieseg Gefriertruh verpaackt ! ;-) Aaschkal get et next Woch !

An et gesait och esou aus,wéi wann déi Aiseskéelt do géif gudd 10 Déeg unhalen laut ménger Meteo-Software !
Voila - ech hat éech déi Kéelt ungekönnegt,an sie könnt définitiv op eis zou gerullt - sie ass net méi opzehalen vun Osten erfort !

Léet éech alt Ennerboxen mat laangen Ärm an Thermo-Collant'en prett,dir wärd se brauchen an der neier Woch ! ;-))

Ech soen éech : Ab Mettwoch dann ass Dauerfrascht och am Dag ungesot - déi Kéelt kennt mat Muecht an wärd onbarmhärzeg sin ! Ze gesin ass dat un den Falschfaarwen vun ménger Animatioun vun der Software,déi éng kloer Sprooch schwetzt !
Den Kéelt-Transport aus Osten verstärkt sech massiv ab Mettwoch,sou dass ab dann mat zum Déel wirklech strengem Nuetsfrascht muss gerechnet gin,dén garantéiert an dax 2-stelleg ass !
Wéi éen Tsunami iwerfällt eis déi Kéelt an der neier Woch - ech gesin se op eis zoukommen an sie ass net méi opzehalen !! Preparéiert éech op éng kléng Aiszait !
Mutz,Schal,décken Pullover an waarem Jaquette sin éen "Muss" an der neier Woch !

Mellen mech am Verlaaf vun der Woch fir ze kucken wéi sech den Frascht weider entwéckelt - an iwerhaapt wann et Neits get !

Dir wärd gesin - wat den Dezember an Januar net färdeg bruecht huet,get am Februar nogeholl ! ;-)

Ech kann just hoffen,dass dir genuch Brennes am Tank huet - wann net,dann bestellt nach schnell ! ;-)

Wehnert Achim - Eechternoach.