Gudden Metteg alleguerten um Sonnden,den 18.3.2012 um 13.00 Auer.
Gudd fir éech - schlecht fir eis Wiéderfreschen - mir wellen Action an der Wiéderkichen !
Sou fänken ech haut main 1.Saatz un ! Mée alles der Reih no.....
Wéi viraus gesot,ass éng Kalfront vun éngem Nordséidéif déi leschten Nuecht iwer eis ewéch gezun ! Hannerloss huet et eis .........Réen......an méi kill Temperaturen !
Waren um leschten Freiden hei bai eis +21,8°C gemooss gin,an och am Land iwer +20°C,sou waren et geschter z.B zu HARLANGE-TARCHAMPS am Eisléck nemmen nach +6,5°C !
Ech war mat eiser DARING Scolaire-Fussballéquipe dohin gefuer...iwregens....mir waren 2:0 hannen fir dann nach 3:2 ze gewannen !
Eisen Goalkeeper,den ANDRÉ hat geschter séng 13 Joer gefeiert an hun him nach eppes klénges gegonnt.....him haten mir den Sieg ze verdanken....awer dat nemmen niéwenbai bemiérkt !
Sou....kommen mir zu den Aussiichten,déi méi wéi gudd sin fir éech....schlecht fir eis Wiéderfreschen,déi jo emmer beschen méi Action an der Wiéderkichen wellen ! ;-))
Géck an den Eck !! :-)
Nodém déi Kalfront vun leschter Nuecht elo schun aktuell iwer Daitschland no Osten ewéch zitt,klemmt den Loftdrock schun erem lues an lues....an ab muer den Moien 6.00 Auer emmer méi schnell !
Sin et elo aktuell um 13.00 Auer nach 1017,5 hPa,sou steht den Barometer schun muer den Moien um 6.00 Auer bai bal 1030 hPa,um 12.00 Auer muer den Metteg schun bai ganz héichen 1033 hPa ! Um Densden bis zu 1036 hPa !
Wat héescht dat ?? Nun.....
......éen riesegt Azorenhéich,wat sech am Verlaaf vun der neier Woch als Super-Sonnenhéich wärd erweisen,bréngt eis emmer méi mell Temperaturen an der Woch !
Hei den maximalen Temperatur-Verlaaf vun muer Méinden,den 19.3 bis Freiden,den 23.3. :
Méinden +10°C an lues an lues Wiéderbesserung - Densden bis zu +13°C - Mettwoch +15°C - Donneschten an Freiden sin bis zu +18°C dran an vill Sonn !!
D'Fréihjoer hat just éng kléng Paus gemaach,ab muer bessert et sech emmer méi !
Also - dir könnt éech fréeen,ech mech net esou - mée allemol gudd fir éech,déi frou sin mat der Sonn !
Vill vill Sonnenstonnen gin et an der neier Woch !
Derzait gin ech vun mindestens gudd 40 Sonnenstonnen aus vun Méinden bis Freiden !!
Sonn bis zum Ofwénken dir léif Leit ! Dat Azorenhéich "HARRY" wärd et an sech hun an fir vill gudd Laun suergen !
P.S. Falls dir éen Barometer dohéen huet (villaicht och éen Digitalen?),dann könnt dir nokucken wéi schnell den Loftdrock ab muer klemmt !
Also...kommt gudd an héel an déi nei Woch eran an nach éen schinnen Sonnden,wann och (nach!) mat villen Wolléken ! Kéng Angscht...alles get gudd ! ;-)
Wehnert Achim - Eechternoach.