Wiederbesserung a et gëtt méi waarm !

Gudden Moien alleguerten um Méinden Moien,den 4.4.2011 um 0.20 Auer.

Méi different konnten d'Wiédergéigensätz um vergaangenen Weekend net sin - wéi versprach gouf et um leschten Samsden vill Sonn an Maximal-Werter bis zu +24,9°C,wéi z.B zu Waasserbelleg laut éngem Meteo-Kollég !

Ehm....,ech kéint mech an den Henneschten baissen - ech hat éech éen Summerdag mat 25,0°C ungekönnegt,mée leider sollt dén niergendswou am Land erréecht gin !

Zu Eechternach haten mir éen Maximum vun +24,7°C (kuckt méng JPG-Foto als Attachment).Dat war em +0,3°C kéen Summerdag ! Iérgerlech !!! ;-((

Offiziell ass jo an der Meteorologie éen Summerdag,wann mindestens 25,0°C erréecht gin !
Aus lauter Frust doriwer hat ech um Samsden Owend éen groußen Martini bianco verschléckt !

Verantwortlech fir déi außergerwéinlech Wärmt war wéi gesot éng Süd-Südwest-Stréimung,déi vun Spuenien iwer Frankraich no Letzebuerg gezun war.
Héich "PEGGY" hun mir dat ze verdanken gehat.

Méng Wett hun ech soumaten knapps verluer ! :-( Niérgendswou am Land war et éen Summerdag um leschten Samsden - mée trotzdém éen fantasteschen Dag nom Moiesniwel ab 9.00 Auer moies !

Samsden goufen et 7,9 Sonnenstonnen an wéi gesot knapps un dém 1.Summerdag vum Joer laangscht.
Sonnden goufen et dofir just 17,7°C als Maximum an 5,0 Liter Réen bis Sonnden Owend,lokal am Land waren et suguer em 8 Liter Nidderschlaag.
Dat nennt éen en wahren Wiéderkontrast um Weekend ! ;-) Voilà......

Wéi géet et weider ?? Nun :.......

.......haut Méinden ass et nach liicht wiésselhaft,mée et gin och schun méi frendlech Ofschnetter an d'Sonn kann sech och mol weisen kommen !
Hannert der Kalfront vum Sonnden sin d'Loftmassen nach instabil an et kann nach zu veréenzelten Schaueren kommen,(muß awer net),déi awer spéider emmer méi selten gin !
Maximal 13-15°C sin dran !

Ab haut bréed sech awer éen neit Héich,wat dann den Numm "QUIRINA" dréet,vun der Biskaya kommend no Metteleuropa aus,den Loftdrock klemmt dofir haut schun bis op 1023 hPa.

Um Densden gesait et dofir schun vill besser aus - emmer méi bréed sech dat Héich an eisen Géigenden aus an den Barometer diérft dofir bis op 1025 hPa klammen,wat dann och weist,daß mir erem ennert Héichdrockanfloss stin ! Et get dann frendlech an drechen mat sonnengen Undéeler un dém Dag !
Dann klammen d'Temperaturen schun op maximal 17-18°C ! Angenehm wéi ech fannen ! ;-)

Um Mettwoch lait dat Héich "QUIRINA" genau iwer Metteleuropa mat bis zu 1027 hPa am Kär an versuergt eis mat vill Sonn an waarmen Temperaturen,bis zu +22°C sin dén Dag méiglech !
Um Donneschten dat selwescht,+20 bis +22°C sin dann dran !
Dir gesitt,et get erem besser !

Den Wand kennt iwerwiegend aus westlechen Richtungen an ass net all ze staark : 20 - 30 km/h sin allenfalls méiglech !
Also...et kann erem nemmen besser gin am Verlaaf vun dénen nexten 72 Stonnen !
Et diérft éng Woch gin,wou net vill Nidderschlaag falen därft !

Kommt gudd an déi nei Woch eran an bis spéitstens Mettwoch dann !
Kéen Summerdag leschten Samsden,mée ech gin net op - gléewt et ! ;-))
Den Abrell ass nach fir Iwerraschungen gudd - stellt éech alt do drop an !

Wehnert Achim - Eechternoach.