D'Heemecht fir d'ALA


No dräi Méint, duerch d’Ëmstänn bedéngten Abstinenz, huet d’Musek Concordia Ierpeldeng eng éischt virsiichteg Reprise gewot. 15 Musikantinnen a Musikanten hunn de Bewunner a Betreier vun der ALA e klenge Standconcert fir Nationalfeierdag gebueden. Sou konnten se och dëst Joer, trotz den ofgesoten offizielle Manifestatiounen, d’Heemecht spillen, an dat bei wonnerschéinem Wieder an engem agreabele Kader.