Changementer an der CSV-Fraktioun am Péitenger Gemengerot

SONY DSC

Merci Johny Polfer fir 20 Joer fair an engagéiert Politik am Gemengerot


Wat de Johny Polfer virun e puer Woch schonn an der CSV-Fraktioun ugekënnegt hat, huet hien an der Gemengerotssëtzung vum 20.Abrëll offiziell matgedeelt. Matt haut 76 Joer seet de Johny no méi wéi 20 Joer dem Gemengerot Äddi.


Member am Péitenger Gemengerot war de Johny säit dem 13.Januar 2000. Bei de Wale vun 2005, 2011 an 2017 ass hien ëmmer kloer vun de Wieler a Wielerinne bestätegt ginn, wat seng Beléiftheet béi de Bierger aus der Péitenger Gemeng däitlech ënnersträicht.


Am Ganze waren dat 263 Gemengerotssitzunge fir de Johny!

Seng Interventioune waren ëmmer sachlech, gutt iwwerluet, ouni Aggressivitéit awer mat enger gesonder Portioun Determinatioun.


De Johny wosst wat e wollt, ouni awer de Respekt géintiwwer de Kolleegen aus dem Gemengerot ze verléieren a virun Allem ni mat Bléck op d’politesch Parteikaart vum Géigeniwwer. Dorop deiten déi vill unerkennend Wieder vun alle Parteie bei sengem Abschid am Gemengerot hin.


Och wann de Johny sech fir all politeschen Dossier interesséiert huet, deen am Gemengerot traitéiert gouf, sou war säi besonnesche Schwéierpunkt awer op dat Soziaalt, de Sport an d’Finanze geriicht.


Op lokalem Plang war de Johny och laang Jore President vun der Finanzkommissioun a vun der Iwwerwaachungskommissioun vun der Museksschoul.

Wéi den neien Etablissement public vum Office social gesetzlech agefouert gouf, ass de Johny duerch Decisioun vum Gemengerot vum 25. Oktober 2010 Member vum Verwaltungsrot vum Péitenger Office social ginn an huet vun Ufank bis Haut d’Presidentschaft am Verwaltungsrot assuréiert. E Mandat, wat hien och weider féiere wäert.


De Johny ass och zënter Joren am Verwaltungsrot vum CIGL an huet als Tresorier eng féierend Roll an dëser ASBL.


Hien huet eis Gemeng an enger Rei Gemengesyndikater an de leschten 20 Joer vertratt. Ze ernimme wier do de Sytragaz, de SIGI a besonnesch de Minettkompost, wou hien 20 Joer Member war an dovunner eng Rei Joren an der Exekutiv. Vum 27. November 2015 bis den 28. Mäerz 2018 war de Johny Vize-President vum Minettkompost.

D’CSV-Fraktioun verléiert mam Johny Polfer ee kompetenten a faire Matstreider am Gemengerot, deen op Grond vu sengem Wëssen, sengem Asaz a senger Kollegialitéit net esou einfach ze ersetzen ass.


Mir wënschen him nach vill schéi Joren am Krees vu senger Famill. An och wann hien elo vill méi Zäit huet sech beim Tauchen um Stauséi, wou hien och als Kapitän vum Solarboot ënnerwee ass, a beim Lafe fit ze halen, wäerte mir de Johny och weiderhin bei den Aktivitéite vun der Gemeng a bei eiser Partei begréisse kënnen.


Villmools Merci Johny


--------------------------------------------------------------------------------------------


Dem neie Conseiller André Martins Dias läit Nohaltegkeet fir all Bierger um Häerz


Nodeems de Johny POLFER den 20. Abrëll 2020 seng läscht Gemengerotssëtzung hat, war et um André Martins Dias, fir sech an der Sëtzung vum 5. Mee dem Gemengerot als neie Conseiller ze presentéieren.


Eigentlech wier et um Romain Rosenfeld als Nächstgewielten op der CSV-Lëscht bei de Gemengewalen 2017 gewiescht, fir an de Gemengerot nozeréckelen. De Romain huet awer op säi Mandat verzicht, well hien engem méi jonke Politiker de Virtrëtt wollt loossen, an huet duerch dëse nobele Geste, dem André Martins Dias d’Méiglechkeet ginn, sech aktiv un der Gemengepolitik ze bedeelegen.


Den André Martins Dias ass de 19. Juli 1986 gebuer a bestuet mam Stephanie Baldinucci.


Matt sengen Elteren, déi als Immigranten op Lëtzebuerg komm sinn, a sengen zwee Bridder ass den Änder 1987 an d’Péitenger Gemeng komm, wou hien di éischt 27 Joer zu Rolleng, an déi lescht 6 Joer zu Rodange gewunnt huet, fir am Juni 2020 mat senger Fra dann erëm zréck op Rolleng ze plënneren.


No der Primärschoul zu Rolleng goung et fir den Änder op Péiteng an de Lycée. Säin Ekonomie-Studium huet den Änder op der Uni Lëtzebuerg (2 Joer) an op der Uni zu Stroossbuerg (3 Joer) ofgeschloss a schafft Haut als Ekosproff – wéi kéint et och anescht sinn – zu Lamadelaine am LTMA.


Am Veräinsliewen ass den Änder scho laang dobäi, esou ass hien am Alter vun nëmmen 8 Joer bei d’Pompjeeë gaangen, an ass och haut, no 25 Joer, nach ganz engagéiert dobäi. Als Jugendspiller huet hien zu Rolleng an zu Péiteng Fussball gespillt. No sengen Etüden huet hien ugefaangen Dëschtennis ze spillen. Säit 2013 ass den Änder am Comité vum DT Kordall 95.


Um sozialen Niveau, engagéiert sech den Änder säit 2016 am Comité vum Foyer de l’Enfance Rodange-Lamadelaine (Crèche Villa Bambi) a säit 2017 an der asbl “Fir ee Gudden Zweck Gemeng Péiteng”.


Säi politeschen Interessi war schonn ëmmer grouss. De Schrëtt an d’aktiv Politik huet den Änder awer eréischt no senge Studie gewot, an ass 2015 Member an der CSV / CSJ ginn. Säit 2017 leet den Änder als President d’Geschécker vun der Finanz-, Budgets- a Reglementerkommissioun an ass och Member vun der Jugendkommissioun.


D’Schwéierpunkte vum neie Conseiller André Martins Dias an de nächste Joren am Gemengerot sinn: de Logement, de kontrolléierte Wuesstem an domadder verbonnen d’Kannerbetreiung an d’Fräizäitgestaltung, déi lokal Geschäftswelt an d’Verkéiersberouegung. Déi getraffen Decisioune mussen am Änder sengen Aen ëmmer am Aklang mat der Ëmwelt an der Nohaltegkeet stoen.


D’CSV-Fraktioun ass iwwerzeegt, dass den Änder seng nei Missioun als Gemengeconseiller mat ganzem Asaz a sozialem Äifer ugeet, a sech esou mat Kompetenz ganz an den Déngscht vun allen Gemengebierger stelle wäert.


Bonne Chance Änder