De Carlo GIRA geet no 17 Joer am Péitenger Gemengerot a seng verdéngte Pensioun

Nodeem de Jean-Marie Halsdorf den 31. Juli 2004 als Minister an d’Regierung genannt gouf ass de Carlo Gira den 2. September 2004 an de Péitenger Gemengerot nogeréckelt an huet dësem wärend 17 Joer onënnerbrach ugehéiert. Bei den 3 Walen an de Joren 2005, 2011 an 2017 gouf de Carlo all Kéier vum Wieler a sengem Amt confirméiert.

No 218 Gemengerotssëtzungen a ronn 610 Stonnen Debat’en bei deenen hien ëmmer ganz aktiv matgeschafft huet ass de Carlo op den Dag genee den 2. September 2021, no 17 Joer vu sengem Amt zréckgetrueden an huet esou den Erneierungsprozess an de Reie vun der CSV an der Péitenger Gemeng weidergefouert.

De Carlo Gira huet scho laang viru sengem éischte politesche Mandat politesch Erfarunge gesammelt an sech an der lokaler  CSJ- an CSV-Sektioun aktiv an der Gemengepolitik engagéiert.

Duerch seng professionell Erfarung war hien an der Schoulkommissioun mee och an der Bautekommissioun, an där hien och weiderhi siegéiert, e wäertvolle Member.
Doriwwer eraus huet hie jorelaang als Lokalreporter vum Lëtzebuerger Wort am Péitenger Gemengerot ausgeharrt, fir esou déi wichtegst Decisiounen net ze verpassen a  festzehalen.
Bei dëser Aktivitéit war de Carlo awer net nëmmen zu Péiteng aktiv, ma hie war bei ville Manifestatiounen am ganze Süden an doriwwer eraus present, sou dass et net verwonnerlech war, dass hie vum éischten Dag un ee vollwäertegen, mee virun allem een engagéierten, gutt informéierten, preparéierten, a besonnesch themenorientéierte Gemengeconseiller war. Polemik war ni seng Saach, mee eng sachlech analytesch Iwwerleeung stoung fir hien ëmmer am Mëttelpunkt.

De Carlo war och laang Zäit de « Gréngen » aus der CSV. Als engagéierte Scout stoung d‘Ëmweltpolitik bei him un éischter Plaz an esou war et nëmmen normal dass hien och Vertrieder vun der Péitenger Gemeng am Comité vum SICONA war, an  duerch seng Fachkenntnes a laangjäreg Erfarung och Member am Büro vun dësem Syndicat war. Ausserdeem war de Carlo och nach Vertrieder am Comité vum TICE

Mir behalen de Carlo Gira als exzellente Gemengerotsmember an aussergewéinleche Kolleeg an Erënnerung. Mir soen him Merci fir all dat wat hien an de leschte 17 Joer am Interessi vun eise Biergerinnen a Bierger geleescht huet a wënschen him eng flott Zukunft mat senger Fra, senge Kanner an Enkelkanner bei ville flott Momenter op senge Wander-Touren an den éisträichesche Bierger, oder soss iergendwou an der Natur.

Mir sinn iwwerzeegt, dass mir eis an den nächste Wochen a Méint bei gesellege Momenter erëm gesinn, an nach dacks op déi lescht gemeinsam Joren zréckkucke wäerten.

CSV Gemeng Péiteng