“OP MÄIN ASAZ KËNNT DIR ZIELEN”…

….Dat waren dem Josette Conzemius-Holcher seng Wieder bei senger Untrëttsried de 15. November 2011 am Péitenger Gemengerot.

Knapp 10 Joer méi spéit, an no 120 Gemengerotssëtzunge wësse mir dass d’Josette eis näischt ze vill versprach hat.

Bei de Gemengewale vum 9. Oktober 2011 ass d’Josette bei senger zweeter Participatioun an de Péitenger Gemengerot gewielt ginn, a gouf den 9. November vum selwechte Joer als nei Conseillère vereedegt.

Am Interêt vun de Péitenger Biergerinnen a Bierger war d’Josette vum éischten Dag un mat onermiddlechem Engagement a vollem Asaz dobäi, an huet esou gehollef eng helle Wull vu Projeten ze developpéieren a wichteg Decisiounen ze huelen.

Seng Éierlechkeet, seng Korrektheet an och seng kloer Aart a Weis fir seng Meenung matzedeelen, wann him Eppes géingt de Stréch gaangen ass, dierft Kengem am Gemengerot entgaange sinn. Dem Josette war et egal op dat Memberen aus dem Schäfferot, der eegener Partei, der Koalitioun oder der Oppositioun waren, wann him eppes net an de Chrom gepasst huet, dann huet d’Josette dat onmëssverständlech gesot.

Mam Josette konnt een ëmmer iwwer een Thema diskutéieren, an och wann et emol méi hefteg war, ass et ni op Käschte vum Respekt a vun der Frëndschaft gaangen.

Dem Josette seng Aktivitéiten hunn sech awer net nëmmen op de Gemengerot reduzéiert. Esou  huet d’Josette d’Gemeng a verschiddenen interkommunale Syndikater, wéi de SIKOR an de SIACH vertrueden, a war am Kader vun dem ONT – spéider ORT – eng dreiwend Kraaft am Interessi vum Tourismus an eiser Géigend.

Wéi d’Konschtmillen am Centre Wax hir Dieren opgemaach huet, war d’Josette och een dynamesche Motor an ass haut als Presidentin nach weider ganz aktiv.

D’Josette war och Presidentin vun der Kulturkommissioun an huet de Gemengerot als Vertriederin an den “Amis de jumelages” representéiert.

Schlussendlech däerf een den Télévie zu Rodange net vergiessen, deen duerch dem Josette säin Asaz a seng Ausdauer am ganze Land bekannt ass. Als grouss Unerkennung wierdegt RTL dëst, datt Rodange “centre de promesse permanent” ass.


An der Gemengerotssëtzung vum 25. Januar 2021 huet d’Josette dann ugekënnegt als Conseillère am Péitenger Gemengerot opzehalen, an esou dem Maria Agostino, enger jonker Fra ob der CSV-Lëscht, hier Plaz ze ginn.

Mir soen der heemlecher „Buergermeeschtesch vu Rodange“ villmools Merci fir dat wat si geleescht huet, a sinn eis sécher dass d’Josette och weiderhin am sozialen a kulturellem Beräich eng grouss Roll an eiser Gemeng wäert spillen.

CSV Gemeng Péiteng