Dat soziaalt Zesummeliewe leit dem neie Conseiller Patrick Remacle um Häerz.

Patrick REMACLE Membre - SITP - Syndicat d’Initiative et de Tourisme de la Commune de Pétange - Pétange -  - 02/03/2020 - photo: claude piscitelli

D’Veräinsliewen an dat domadder verbonne soziaalt Zesummeliewe leit dem neie Conseiller Patrick Remacle besonnesch um Häerz.

Nodeems de Carlo Gira den 2.9.2021 mat der aktiver Politik opgehalen huet, dëst op den Dag genau 17 Joer nodeems hien an de Gemengerot komm war, ass et um Patrick Remacle, als Nächstgewielten op der CSV-Lëscht bei de Gemengewalen 2017, an de Péitenger Gemengerot nozeréckelen an esou den Erneierungsprozess an de Reie vun der CSV an der Péitenger Gemeng weider ze féieren.

De Patrick huet 52 Joer, ass bestuet, Papp vun engem Meedchen a Grousspapp vun engem klenge Jong. Hien huet déi éischt 20 Joer vu sengem Liewen zu Kayl gewunnt wou hien och an der Primärschoul war, spéider am Secondaire zu Esch am Lycée Technique. Seng Ausbildung zum Electromecanicien huet de Patrick op der deemoleger Arbed-Belval an der Léierwierkstaat gemaach. No sengen 20 Joer zu Kayl huet et hien op Diddeleng gezu wou hien no 20 Joer dunn am Joer 2010 an d’ Péitenger Gemeng wunne komm ass.

De Patrick schafft an der Ecole internationale vun Déifferdeng an Esch-Uelzecht an ass Responsabel vum Service Technique an der Logistik.

Bei d’Politik ass de Patrick iwwert d’Gewerkschaft komm wou hie scho mat 15 Joer fir den LCGB als Kandidat op der Lëscht fir Delegatioun vun der Léierwierkstaat stoung. Mat 17 Joer ass de Patrick der CSV bäigetrueden an huet eng éischte Kéier 2005 zu Diddeleng fir d’Gemengewale kandidéiert.

Als Veraïnsmënsch an als Sekretär vum Syndicat d’Initiative et de Tourisme vun der Gemeng Péiteng läit him d’Veräinsliewen an dat domadder verbonne soziaalt Zesummeliewen um Häerz. Wann de Patrick vum sozialen Zesummeliewe schwätzt da schwätzt hien och vum Mateneen, vu Solidaritéit, vun der Integratioun, der Inclusioun an dem Benevolat. Hien wëll sech asetze fir eng lieweg Gemeng wou sämtlech Generatiounen d’Méiglechkeet hunn um soziale Liewen deelzehuelen an aktiv mat ze gestalten.

Folgend Schwéierpunkten déi de Patrick interesséiere sinn: flott touristesch Aktivitéite kënnen unzebidden an heibäi eng Hand upake fir dat weider auszebauen, den Urbanismus dee ganz breet gefächert ass, d’Entwécklung vun eisen 3 Uertschaften an déi domadder verbonne Liewensqualitéit an e qualitativen an e kontrolléierte Wuesstem.

Seit 2017 präsidéiert de Patrick d’Bautekommissioun, déi hier Avisen zu verschiddene Projeten ofgëtt. Op ville Plazen an eiser Gemeng ass et net méi méiglech grouss an héich Residenzen opzeriichten an do wou et laut PAG nach méiglech ass sollen se esou realiséiert ginn dass se sech gutt an d’Gesamtbild oder an den Duerfcharakter integréiere loossen.

Zu der gudder Liewensqualitéit gehéiert fir de Patrick och d’Ëmwelt an d’Natur. Hien ass iwwerzeegt dass do nach Loft no uewen ass an dass mir eis Gemeng nach kënne verschéineren.

Weider Punkten déi dem Patrick noleien sinn d’Kanner- an d’Jugendbetreiung, d’Sécherheet vun de Bierger an eis Geschäftswelt.

D’CSV-Fraktioun vun der Gemeng Péiteng ass iwwerzeegt, datt de Patrick seng nei Missioun als Gemengeconseiller mat 100 % Engagement, Asaz a groussem Enthusiasmus erfëllt a wënscht him dobäi eng glécklech Hand.

CSV Gemeng Péiteng