Éierentitel fir de Romain ROSENFELD

De Romain Rosenfeld huet dem Gemengerot definitiv Äddi gesot. Am Abrëll dëst Joer huet de Romain op d’Successioun vum Johny Polfer am Péitenger Gemengerot verzicht an esou dem André Martins Dias seng Plaz an dësem Gremium iwwerlooss .

Den 9. Mee 1995 ass de Romain fir de Léon Keiser an de Péitenger Gemengerot nogeréckelt. Den 18.Mee 2020, also ronn 25 Joer dono, huet de Péitenger Gemengerot dem Romain den Titel „échevin honoraire“ unanime zougesprach.

De Romain war 22 ½ Joer am Péitenger Gemengerot an dovunner ee gutt Joer am Schäfferot (2. September 2004 bis den 7. November 2005).

A senger Zäit als Schäffen, besonnesch an senger Funktioun als Sportschäffen, huet hien sech intensiv ëm d‘Ouverture vun der Schwemm Piko gekëmmert an huet och eng Rei Sportsprojeten mat ageweit, wéi z.B. den 26. Juni 2005 de Beach– a Boulenterrain zu Rolleng, den 15. Juli 2005 d‘Spillplatz mat engem multifunktionellen Sportsterrain zu Péiteng an de Boulodrome zu Rodange.

A senger Funktioun als Schäffen fir d’Jugend huet de Romain e grousse Verdéngscht um Projet vun der Annexe vum Jugendhaus am Dhoil, déi den 12. September 2005 hier Dieren offiziell opgemaach huet.

Nieft dëse Beräicher, huet hien sech als Schäffen och ëm d’Personaldecisiounen, d’Economie regional Aktivitéiten an d’Integratiounsfroen bekëmmert.

An all deenen Joren waren dat 277 Gemengerotssëtzungen fir de Romain, dee während ville Joren Spriecher vun der CSV-Fraktioun war.

Och um regionale Plang war an ass de Romain als Vertrieder vun der Péitenger Gemeng aktiv. Den 3. Mee 2002 ass hien Vizepresident vum Sudgaz ginn, an nodeems hien dëse Posten 16 Joer laang ausgefouert huet, ass hien de 7. Mee 2018 als President vum Sudgaz gewielt ginn. E Mandat wat de Romain och weiderféiere wäert.

Wéinst all dem Asaz als engagéierter Politik während engem véirels Joerhonnert, huet de Romain Rosenfeld sech den Éierentitel vum Schäffen vum Péitenger Gemengerot méi wéi verdéngt.

De Comité an d'Fraktioun vun der CSV Sektioun Gemeng Péiteng felicitéieren dem Romain zu dësem Titel a soen him villmools Merci fir säin Asaz an Engagement iwwert déi lescht 25 Joer.