CSV Neijooschpatt zu Péiteng am Home St.Hubert

En Dënschten,den 4.Januar 2011 hat CSV Sektioun Gemeng Péiteng op hir traditionell Réceptioun vum neie Joer, besser bekannt ënnert dem Numm "Neijooschpatt", invitéiert. Ronn 350 Leit, dorënner ee Minister, Deputéiert, Vertrieder aus dem Scheffen- a Gemengerot mat un der Spëtz de Buergermeeschter, Membren, Sympathisanten a Vertrieder vun den Noopeschsektiounen waren ugetratt fir op dat neit Joer unzestoussen.Mat engen Glas Crémant an all anert Gedrénks a Schnittercher gouf et sech gudd schmaache gelooss a fir eng Kéier war d'Politik Niewesaach. Alles an allem sinn e puer flott Stonnen zesummen verbruet ginn.