CSV Péiteng - E Message vum Buergermeeschter -

Léif Wielerinnen a Wieler,

Viru knapp 12 Joer huet d’CSV déi politesch Responsabilitéit an der Gemeng Péiteng iwwerholl. An deenen 12 Joer goufen vill interessant a wichteg Projeten realiséiert, dat an de Beräicher Schoul, Kannerbetreiung, Jugend, Drëtten Alter, Sport, Kultur, ëffentlechen Transport, Ëmwelt, Stroosseninfrastrukturen, Waasserversuergung, fir nëmmen déi ze nennen. Obschonn all dës Projeten ee Gesamtkäschtepunkt vun iwwer 150 Milliounen € haten, ass et eis gelongen an der selwechter Zäit, a besonnesch an de leschte 7 Joer eis Gemengeschold wesentlech ze reduzéieren.
Opgrond vun dëser positiver Entwécklung vun de Gemengefinanzen kann d’Gemeng Péiteng berouegt den Erausfuerderungen vun de nächste Joren entgéint kucken an och an d’Zukunft weider wichteg Investissementer am Interêt vun hire Bierger plangen. D’ CSV geet mat enger neier Equipe an déi nächste Gemengewahlen. Dës Equipe setzt sech engersäits aus erfuerenen Gemengepolitiker an anerersäits aus neien, jonken Kandidatinnen a Kandidaten zesummen. Alleguer zesummen wëlle mir eis fir déi zukünfteg Entwécklung vun eiser Gemeng asetzen. Mir wëllen, d’Politik vun den leschte Joren resolut weiderféieren an doriwwer eraus awer och nei Akzenter an den nächste Joren setzen. Dofir schenkt dëser CSV-Equipe e Sonnden Äert Vertrauen.

Pierre Mellina

Buergermeeschter vun der Gemeng Péiteng