CSV Wahlversammlung zu Péiteng

En Donneschden den 29. September huet d'CSV Péiteng hir drëtt Wahlversammlung, (no Rolleng a Rodange) zu Péiteng am Kulturzenter "A Rousen" ofgehalen. No der Begréissung vun der gutt besichter Versammlung huet de Sektiounspresident François Metz de Bilan presentéiert. E Bilan, den sech Dank der Féierung vun der CSV an de leschte 6 Joer weise léist.

Am 2. Deel war et dunn un de Kandidate selwer, sech an e puer Sätz den interesséierten Nolauschterer virzestellen.

Zum Ofschloss huet de Spëtzekandidat a Buergermeeschter Pierre Mellina verschidde Projeten aus dem gutt gefëllte Wahlprogramm presentéiert.

Beim uschléissende Patt, bei dem den Erléis fir den Televie an eiser Gemeng gespent gëtt, stoungen d'Kandidaten de Matbiergerinnen an Matbierger Ried an Äntwert.

De komplette Wahlprogramm fann Dir op der Homepage vun der CSV-Péiteng: petange.csv.lu