1 Erfolleg an 2-mol "Nosëtzen" fir eis Seniors-Equippen

Nodeems den Tennis Club Réimech am Beräich vum Jugendchampionnat wuel seng bis dato beschten, a quasi schonn historesch, Saison mat 4 Championstitelen gespillt huet, ass dëse Weekend den Interclubs fir d' Seniorsequippen op en Enn gaang. Also mol an der Theorie! Et heescht nämlech "nosëtzen" fir eis 1. an 2. Equipp, wougéint déi 3. Equipp gëschter den direkten Opstig feiere konnt.

Virum leschte Spilldag géint d' Equipp vu Péiteng war d' Ausgaangslag fir eis 3. Equipp ganz kloer. Esouvill Punkte wéi méiglech huelen fir déi 2. Plaz an der Tabell ze festegen. Dat ass eise Jongen och op impressionant Manéier gelongen an se konnten op friemem Terrain mat 7-0 gewannen an domat den Opstig an drëschen Dicher bréngen. Respekt Jongen!
An e besonnesche Merci un eise neie Spiller, de Gilles Michely, deen direkt an d' kal Waasser geworf gouf an an dësem decisive Match seng Leeschtung bruecht huet. Hien huet bewisen, datt hien net nëmme mat där ganz klenger Racket ëmgoe kann, mee datt an him och en Tennistalent schlummert.

Eis 2. Equipp huet du gëschter denkbar knapp den Opstig verpasst. Géint eng ganz staark opgesate Nordstad-Equipp gouf de Match no haardem Kampf 2-1 gewonnen, mee leider ass den Opstig ëm en hallwe Punkt verpasst ginn. Et muss een awer realistesch bleiwen an zouginn, datt och dëst schon en immensen Erfolleg ass, den esou net ze erwaarde war. Awer bedéngt duerch staark Matcher vun eis souwéi och duerch Problemer vun aneren Equippen, déi net ëmmer komplett géint eis ugetruede sinn, konnt dës Plaz an der Tabell geséchert ginn. Virun der Saison hätte mir wuel eng Plaz am gesécherte Mëttelfeld direkt ënnerschriwwen. Esou heescht et elo awer fir eis 2. Equipp nächste Sonndeg Barragematch spillen, fir vläicht awer nach den Opstig ze feieren. Et bleift d' Daumen ze drécken.

Dat selwescht gëlt fir eis 1. Equipp, déi 'in extremis' den direkten Opstig nach verpasst huet. Duerch Verletzungen a ganz onglécklech Matcher, wou et ganz oft ëm 1, 2 Punkten gaangen ass, si mir leider op d' Relegatiounsplaz ofgerutscht. Elo heescht et sech eng Kéier rëselen, déi kleng Blessuren ausheelen an e Sonnden da mat voller Kraaft fir den Opstig kämpfen.

Dës 2 Matcher wären natierlech nach d' Kiischt um Kuch vun enger super Saison, mee och wann dës sportlech Ziler net ereecht ginn, kënne mir houfreg zréckkucken, ob eng super Entwécklung vun eisem klenge Club.

Kommt eis Jongen ënnerstëtzen:
E Sonndeg, den 10. Juli ab 10 Auer zu Réimech op der Anlag.
E Sonndeg, den 10. Juli ab 14 Auer zu Schwéidsbeng op der Anlag.

Besicht eis op www.tcremich.lu
Gitt Member op Facebook a verpasst keng News méi.