Gutt besichte Gréin Open vum TC Remich

D'Virzeeche fir e flotte Gréin, eist traditionellt Grillfest zu Réimech laanscht d' Musel, waren alles anescht wéi gutt. Lëtzebuerg gouf vun enger schir endloser Quantitéit u Reen getraff, esou datt uechter d' Land vill Stroossen ënner Waasser stoungen an esouguer gefaart gouf, datt d'Musel géif erauskommen. Esou war een dann am Club och éischter pessimistesch gestëmmt, wat de Succès vum wichtegste finanziellen Event vum Joer géif betreffe; besonnesch well alles "open air" ass.

Och wann et an eisem Tennisveräin natierlech primär ëm de Sport geet an alles wat um a ronderëm den Terrain passéiert, dierf een natierlech ni de finanzielle Volet vernoléissegen. Fir de Kanner, Jugendlechen an och erwuessene Memberen déi bescht méiglech Konditiounen an Trainingsméiglechkeeten ze bidden, hëlt de Club all Joer grouss finanziell Laaschten op sech. Nieft der Ënnerstëtzung vun der Gemeng an de Sponsore sinn esou Fester dann och zum Deel scho bal existenziell wichteg fir esou ee klenge Veräin wéi den TC Remich.

De Weekend huet och als logesch Konsequenz vun der ganzer Woch naas a kal ugefaang. E Samsde goufe mir vu gläich e puer Schaueren erwécht, esou datt d' Zuel vun de Clientë sech deementspriechend och a Grenze gehalen huet. An d' Previsioune fir sonndes waren zwar liicht besser, mee erëm war och deelweis Reen gemellt.
Mee et soll anescht komme wéi gemellt, a mir kënne nëmme vu Gléck soen: Wat hate mir eng Chance mam Wieder! Bis op e puer vereenzelt Drëpsen huet d'Sonn geschéngt a mir haten eise Gréin bis op déi lescht Plaz gutt besicht. Esou goung en ustregende Weekend dann awer nach op e ganzt gutt Enn.

Op dëser Plaz soe mir eise Memberen dann och nach e grousse Merci, well ouni vill hëllefend Hänn ass esoueen Event net ze packen.

Elo heescht et nach op sportlechem Plang d' Saison gutt op en Enn ze bréngen an dann elo schonn op eist nächst Fest, eise Stand um Bacchusfescht de 15. August, opmierksam ze maachen.

Gitt Member vum TC Remich: www.tcremich.lu

Like us on Facebook!