„Eischtens kënnt et anescht, zweetens....“: De Versuch vun engem sportleche Fazit

Wat soll een nom Ofschloss vun enger laanger Saison soen, déi vollgepaakt war mat Iwwerraschungen, grousse sportleche Leeschtungen, punktutelle Réckschléi - déi enorm nervenopreiwend fir d' Spiller an d' Supporter waren - an virun allem impressionante sportlechen Erfollger? Et kann ee vill driwwer diskutéieren an am Conditionnel schwätzen (Wat wär gewiecht wann....), mee am Endeffekt zielt dat, wat um Scoreboard steet. An dat ass 1 weideren Opstig an ee Maintien.

E Sonndeg, den 10. Juli, stoungen direkt fir zwou vun eise Seniors-Equippen entscheedent Barragëmatcher virun der Dier; zweemol aus erfreeleche Grënn, well et all Kéier ëm d' Montée an déi Divisioun uewendriwwer gaangen ass. Vill konnt eise Jongen also net passéieren, et goung just drëm fir zum Ofschloss eng ganz gutt Saison an eng perfekt ze veredelen. Vu datt jeeweils den Drëttleschte vun der Divisioun uewendriwwer de Géigner war, haten eis Männer all Kéiers de Statut vum "Underdog" a konnten deemno fräi opspillen. Souvill zu der einfacher Theorie an elo zu der komplexer Wourecht, déi um Tennisterrain geschriwwe gouf:

Bei gefillten 92°C op eisen Terrainen zu Réimech huet eis 1. Equipp um 10 Auer misse géint d' Spiller vun Ëlwen untrieden. Erschwéierend koum dobäi, datt opgrond vum Spillsystem eis Equipp net aus 4 Spiller huet misse bestoen - esou wéi dat fir de Rescht vun der Saison de Fall war -, mee aus 6 Spiller, wéi an den Divisiounen driwwer esou üblech. Op spillereschem wéi och op takteschem Plang war dëst natierlech eng immens Ëmstellung.
Et sollt e weidere Krimi ginn, esou wéi mir därer an de leschte Woche scho méi bei eiser Equipp materliefe konnten. Déi 6 Simple goufen nämlech gedeelt, esou datt et no deelweis ganz héichwäertege Matcher mat engem Remis vun 3-3 an d' Dubble gaangen ass. Deemno war d' Ausgangssituatioun kloer: et hu missen 2 Dubble gewonne ginn. An hei konnten eis Spiller nieft hirem Tennistalent virun allem op hir Nervestäerkt an taktesch Raffinessen opbauen. Op ganz héijem Niveau goufen déi 2 éischt Dubble gespillt, woubäi besonnesch de Match vum Stephan an dem Chris un Dramatik bal neméi ze toppe war. No engem éischte verluerene Saz sinn déi 2 ëmmer besser a Form komm a konnten hir konditionell Stäerkten ausspillen. Déi 2 hu sech an en Tennisrausch gespillt a konnten de Match in extremis am entscheedenen Champions Tie-Break gewannen. Eng immens Leeschtung géint staark Géigner!
Esou war den 3. Dubbel, dee knapps am Champions Tie-Break verluer gouf, fir d' Ennresultat just nach Makulatur an et konnt eng verdéngte Montée an d' Nationale 3 gefeiert ginn. Exact 1 Joer no dem dramateschen Ofstig also dës Kéier en Happy End fir den TCR 1.
Felicitatiounen un d'Spiller an un hire Captain, de Marc, deen ëmmer kille Kapp bewisen huet an zum richtege Moment déi richteg Decisioune geholl huet.

Zu der 2. Equipp bleift net vill ze erzielen. Duerch deelweis glécklech Ëmstänn huet si et iwwerhaapt eréischt an de Relegatiouns-Match gepackt, wou eng staark Schëtter-Equipp gewaart huet. Bei Schëtter, wou déi 1. Equipp gefal war, ass et drëmgaang d' Saison nach ze retten, sou datt hir Motivatioun ëmsou grouss war.
Eis Jongen hunn alles ginn, mee vun de 4 Simplen goufen der direkt 3 ganz knapp verluer, esou datt si mat 0-4 hannekomm sinn an doduerch de Match scho verluere war. Felicitatioun un d' Schëtter-Equipp, déi de Match verdéngt gewonnen hunn.

Wat als Fazit vun dësem Match bleift, ass virun allem déi ganz entscheedent Gretchen-Fro: Wat wollte mer als Club, resp. a wéi wäit passen emotionaalt Sportlerhäerz a rationnelt Denke beieneen?

Natierlech geet een als Sportler ëmmer op den Terrain fir de Match ze gewannen. Dat läit an der Natur vun der Saach. Gläichzäiteg bleift den Tennis fir eis all awer just en Hobby, deen an éischter Instanz Spaass maache soll, well kee vun eis och nëmmen 1 Euro doru verdéngt.
Esou muss een de Match also och aus 2 Perspektive kucken. Natierlech gewënnt een ëmmer gär an en Opstig wär och d' Kiischt um Kuch gewiecht. Mee a wäit wär et fir d' Entwécklung vum engem esou klenge Club wéi Réimech fërderlech gewiecht? Duerch d' Montée vun der 1. Equipp mussen d'nächst Joer do 6 Spiller untrieden, wat eis 2. Equipp natierlech scho schwächt. Falls mir gestige wären, wäre mir deemno wéi mat enger méi schwaacher Equipp op vill ze staark Géigner gefall, wou keen eppes dovu gehat hätt a sportleche Frust méiglech gewiecht wär. Aus sportlech-rationneller Siicht ass et deemno vläicht esouguer besser, datt déi 2. Equipp net gestigen ass an d'nächst Joer weider Jugendspiller aus der Tennisschoul mat agebonne kënne ginn, déi dëst Joer an der 3. Equipp schonn en Opstig gefeiert hunn.

Wat bleift ass also ënnert dem Strëch eng Saison, déi vill Spaass bereet huet an an där insgesamt 6!!! Opstiger, dorënner 4 Championstitelen, gefeiert konnte ginn, woubäi besonnesch déi 4 aus dem Jugendberäich ervirstiechen, well se weisen, datt mir mat der Jugendaarbecht op dem richtege Wee sinn. Op dëser Plaz och mol eng Kéier e riseg grousse Merci un eise President, de Jean-Paul, deen all fräi Minutt fir de Club opfert an esou net nëmmen alldäglech Saache reegelt an organiséiert, mee och ëmmer als treie Supporter a Mental-Coach matfiebert. Ouni hien sécher keen TCR an dëser Form! Merci!

Elo heescht et op sportlechem Plang den hoffentlech gudde Summer notze fir weider Tennis ze spillen an de Sport ganz ouni Competitiounsdrock ze genéissen. Fir den Tennis Club Réimech ass awer nach net richteg Summerpaus, well et steet nach ee wichtege Rdv virun der Dier: D' Bacchusfescht zu Réimech (15. August), wou mir e Grillstand wäerten hunn fir eis Keess opzebesseren.
Elo ass hei op dëser Plaz scho jiddereen häerzlech invitéiert fir eis besichen ze kommen.

Dir wëllt Member ginn?
Besicht eis op: www.tcremich.lu

Like us on Facebook!