Gudden Optakt fir den TC Remich am Interclub vun den Erwuessenen

Nodeems virun der Péngschtvakanz den Tennis Club vu Réimech seng wuel beschte Saison bei de Jugendspiller mat 3 Championstitele feiere konnt, ass dëse Weekend och fir eis erwuesse Spiller de Championnat ugaang.
Dëst Joer start Réimech mat insgesamt 3 Seniors-Equippen an de Championnat op insgesamt 4 Terrainen. Nieft eise bekannten Terrainen zu Réimech am Parc Brill, stinn eis dëst Joer och fir d' éischt déi nei renovéiert Terrainen zu Schwéidsbeng am Hafen zur Verfügung.

Hei d' Resultater:

TC Stade - TC Remich 1 3,5-3,5
(2 Punkten fir Réimech - 2 Sätz méi gewonn)

TC Remich 2 - TC Bonnevoie 4 7-0 (zu Réimech)
TC Remich 3 - TC Junglinster 3 6-1 (zu Schwéidsbeng)

Domat konnt all Equipp hiren 1. Match gewannen an et bleift ze hoffen, datt nach vill weider Erfollger gefeiert kënne ginn. Bravo!

Gitt Member vum TC Remich: www.tcremich.lu

Like us on Facebook