E Weekend mäi wäisser Veste fir d' Jugend vum TC Réimech

Dëse Weekend hunn eis 4 Jugendequippen 2-mol Doheem an 2-mol auswäerts missen untrieden. Dobäi goung kee Match verluer, och wann 2-mol d' Punkte mam Géigner gedeelt goufen. Hei d' Resultater am Iwwerbléck:

U14 Garçons: Tennis SPORA 2 - Schuttrange/Remich 1: 2,5-4,5
U18 Filles TC Remich 1 - TC Schifflange/Rumelange 1: 3,5-3,5
U18 Garçons: TC Troisvierges 1 - TC Remich 1: 2,5 - 4,5
U18 Garçons: TC Remich 2 - TC Bridel/Kopstal 2: 3,5 - 3,5

Dës Woch hunn eis Jugendlech eng "Englesch Woch" viru sech, well souwuel en Donneschden um Feierdag gespillt gëtt, wéi dann och zum Saisonofschloss de Weekend. Mir drécken hinne weiderhin d' Daumen, datt hir erfollegräich Saison esou weidergeet. Bravo!

www.tcremich.lu
Like us on Facebook: TC Remich