E 'Parcours sans faute' fir eis Jugend

Am Lëtzebuerger Tennis ass et Usus, datt d' Feierdeeg genotzt ginn fir Championnat ze spillen; sief et bei de Seniors ganz oft op Nationalfeierdag resp. wéi elo gëschter bei der Jugend op Christi Himmelfahrt.

Sou war et dann, datt gëschter 4 Equippe vum TC Réimech bei perfektem Tenniswieder am Asaz waren. Als Kiischt um Kuch goufen dobäi alleguer eis Matcher gewonnen. E ganz grousse Bravo fir den Asaz vun all de Spiller a Spillerinnen. Hei d' Resultater am Detail:

U14 Garçons - Entente Schuttrange/Remich 1 - TC Gasperich 1 - 4-3
U18 Filles - TC Steinfort 2 - TC Remich 1 - 3-4
U18 Garçons - TC Remich 1 - TC Schifflange 1 - 7-0
U18 Garçons - TC Remich 2 - TC Senningerberg 2 - 4,5 -2,5

Am Normalfall ginn hei keng eenzel Spiller fir hir Leeschtungen ervirgehuewen, well d' Equipp soll am Mëttelpunkt stoen. Mee an dësem Fall maache mir ganz gären eng Ausnam fir 3 Spiller besonnesch ze ernimmen:

Zum engen wären dat eis 2 Tim'en, déi opgrond vun engem Mangel u Spiller gëschter 2-mol ugetruede sinn. Si hu moies bei der U14 jeeweils en Eenzel an en Dubbel gespillt a mëttes och nach eng Kéier bei den U 18 Jongen. E grousse Respekt fir är Leeschtung.

An da wär dat awer och nach besonnesch de jonke Mathieu mat sengen 11 Joer, dee gëschter och bei den U 18 Jongen agesprongen ass. Hien huet vollen Asaz gewisen an huet sech vum Alter a vun der Gréisst vu sengem Géigner net beandrockt gewisen. Och wann et nach net ganz duergaangen ass fir säi Match ze gewannen, konnt awer och dank him d' Equipp d' Victoire mat heem op Réimech bréngen. Bravo!

Muer resp. e Sonnden steet dann och schonn de leschte Spilldag fir eis Jongen a Meedecher um Programm. Hei sief besonnesch op eis 1. Equipp vun den U 18 Jongen higewisen. Si spillen e Sonnden um 14 Auer am Parc Brill zu Réimech den absolute Spëtzematch vum Joer. Si trieden als 1. aus der Tabell géint déi 2. aus Bouneweeg un. Wien hei de Match gewënnt, gëtt och Champion an der Divisioun. Mir drécken de Jongen elo schon d' Daumen, datt si hir Super-Saison nach kréinen an freeën eis fir all Ënnerstëttzung vu Säite vum Publikum.

www.tcremich.lu

Like us on Facebook: TC Remich