1. Stage vum Tennis Club Réimech a Kroatien

Fir d'éischt Kéier an der Geschicht vun eisem Tennisclub huet den TCR e Stage fir seng jonk a manner jonk Spiller a Spillerinnen organiséiert. Duerch Kontakter mat eisem alen Trainer, dem Miso Dodig, hu mir e Stage zu Makarska a Kroatien organiséiert.

Vum 2. bis den 9. Abrëll stoung alles am Zeeche vum klenge giele Ball, an eis Spiller haten d' Méiglechkeet fir sech optimal ob déi nei Saison virzebereeden resp. un hirem Tennisspill ze feilen.
Nieft 4 Tennistrainer stoung eis och nach all Dag e Fitnesstrainer zur Säit fir u Kraaft a Konditioun ze schaffen. Am Duerchschnëtt goufen esou 4 Stonnen den Dag (moies 2 Stonnen a mëttes 2 Stonnen) op den Tennisterraine verbruecht, ouni datt eis jee langweileg gouf.

Nieft dem ville Sport stoungen awer och kulturell Visitten an Entspanung ob eisem Programm:
Een Nomëtten hate mir d' Chance en Ausfluch op Split ze maachen fir déi wonnerschéin Alstad bewonneren ze kënnen (an och vun de Shoppingsméiglechkeeten ze profitéieren). Donieft hu mir en aneren Dag eng Wanderung an der Biokovo-Gebiergsketten op e Bierg vu 1500m Héicht gemaach, wou mir no all de Strapazen vum Klammen eng fantastesch Vue gebuede kruten.
Sécherlech en Highlight vun eiser Rees war d' Visitt vun der Tennisschoul Međugorje an Herzegowina - der Tennisschoul vun eise kroateschen Traineren. Fir d' Kanner war et flott eng Kéier eng aner Tennisschoul ze gesinn a Matcher géint Gläichaltreger vun dohannen ze maachen.

Alles an allem kann den Tennis Club Réimech e ganzt positiivt Fazit vu sengem éischten Tennisstage zéien. Dat Wichtegst ass, datt kee sech verletzt huet an et jidderengem gefall huet. Donieft kann ee bei eise jonke Spiller awer och en immens erfreelecht Teambuilding feststellen, well se déi éischt Kéier iwwer länger Zäit mat hire Kolleegen zesumme waren. Nieft dem Sportlechen ass nämlech och Kollegialitéit e wichtege Facteur an eisem Club.

Esou steet jiddefalls enger zweeter Editioun am Joer 2017 näischt méi am Wee.

Like us on Facebook: TC Remich