Erfollegräiche Weekend fir d' TC Réimech Jugend

Ënnert zum Deel ganz schwéiere Conditiounen huet eis Jugend dëse Weekend missen um Tennisterrain stoen; an dat mat groussem Succès:

Eis 1. Equipp vun den U-18 Jonge gewënnt och hiren 2. Match ganz souverän géint den TC Nordstad/TC Schieren 1 an dat mat 6-1.

Och eis 2. Equipp vun den U-18 Jonge bleift weider an der Erfollegspuer a gewënnt ze Housen mat 4,5-2,5. Hei muss een alleguer de jonke Spiller e grousst Kompliment ausschwätzen, well esou oft ass dat wuel och nach net am Abrëll virkomm, datt de Match huet missen e puer Mol weinst Schnéischaueren ënnerbrach ginn. Respekt fir déi super Leeschtung.

An no engem ganz haarde Kampf hunn eis U-18 Dammen um Bridel géint den TC Bridel/Kopstal 1 e Remis mat 3,5 op 3,5 erausgespillt.

Grousse Respekt fir déi bisweile super Resultater a bonne Chance fir déi nächst Matcher.

Like us on Facebook: TC Remich.