Grousse Succès fir d' Porte Ouverte vum Tennis Club Remich

Leschte Samsdeg, de 16. Abrëll, huet den TC Remich op seng alljährlech Porte Ouverte invitéiert. Trotz éischter duerchwuessenem Wieder hu sech vill Kanner a Familljen an dem Parc Brill zu Réimech afonnt, fir un engem Schnuppertraining mat eisen Traineren deelzehuelen. Phaseweis hu bis zu 30 Kanner op den Terrainen d' Méiglechkeet genotzt, fir auszeprobéieren, ob hinnen Tennis als Sport gefält.
Esou konnt den TC Remich och vill nei jonk Membren a senger Tennisschoul begréissen an e flotten Dag zesumme verbréngen.

Sidd dir och drun interesséiert äert Kand am Tennis anzeschreiwen? Oder vläicht och selwer mat Tennis unzefänken?
Da besicht eis op www.tcremich.lu oder eis Säit "TC Remich" op Facebook.

Like us on Facebook: TC Remich