Animéierte Weekend an der Gemeng Dippech

Leschte Weekend war eng lass… an et war fir jiddereen eppes do.


Beim Dag an der Natur am Dippecher Bësch hunn d’Leit, no engem leckere Fairtrade Kaffi, d’Méiglechkeet kritt eis heemesch Déieren- a Planzewelt ob eng spannend a lieweg Aart a Weis z’entdecken.


Den onëmgängleche "Rock um Bur" huet nees zu Betteng stattfonnt. Hei hunn honnerte vu Leit um flotten Open air Evenement deel geholl.


Eng 50 Leit hunn sech leschte Sonnden op der Gemeng getraff fir de 45. Gebuertsdag vun der AMIPERAS Dippech zesummen ze feieren.