Commemoratiounsdag Gemeng Dippech

Fir de Commemoratiounsdag hunn sech dëst Joer nees d’Gemengeresponsabelen, Veräiner an Awunner beim Monument aux Morts gesammelt fir, net nëmmen d’Solidaritéit an de Kampf vum Lëtzebuerger Vollek géint déi däitsch Besetzung vun 1940 bis 1945 ze éieren mee och fir drop opmierksam ze maachen dass sech net wäit ewech vun hei änlech Evenementer widderhuelen an dass mer de Fridden net als selbstverständlech däerfen huelen.