MultiCulti 2022

Eis multikulturell Feier « MultiCulti » war den 18. September 2022 erëm op der Affiche. Dëst Joer konnte mir déi traditionell Kichen aus Portugal, Togo , Côte d'Ivoire, Marokko, Kroatien, Italien, der Ukrain a Lëtzebuerg genéissen. Dat musikalescht Encadrement huet aus der Grupp "MayB2" an de Sänger Michel Ferraz a Georg Philippart bestanen. Den Zauberer David Giacomini huet mat senger Zaubershow wéi all Joer de Public begeeschtert.