Porte ouverte vun der Schuller Sportshal

Leschte Samschden huet d'Gemeng Dippech d'Porte ouverte vun der frësch moderniséierter Sportshal zu Schuller gefeiert.

No engem Fair trade Kaffi an enger kuerzer Usproch vum Sportsschäffen, Max Hahn, ass et dunn lass gaangen: Fitball, Zumba, Tai Chi Chuan, Dänz aus aller Welt, Karate, Darts, etc. stoungen ënner anerem um gutt gefëllte Sportsprogramm.

E Foodtruck huet uschléissend dofir gesuergt dass et eppes fir de klengen Honger ginn ass.