Welcome together x Pakt vum Zesummeliewen

A Präsens vun der Ministesch fir Famill, Integratioun a Groussregioun, Corinne Cahen a vum Vizepresident vum Syvicol, Guy Wester, huet den Dippecher Schäfferot den Owend de « Pakt vum Zesummeliewen » ënnerschriwwen, an deem d’Gemeng Dippech sech zu engem pluriannuellen a dynamesche Prozess engagéiert, deen de Schwéierpunkt op d’Kommunikatioun, den Zougang zu den Informatiounen an d’Biergerbedeelegung leet.

Et war och keen Zoufall dass dësen Evenement zesumme mat eiser traditioneller« Welcome together » Receptioun stattfonnt huet bei där eng 100 Leit, dorënner och Flüchtlingen aus der Ukrain, present ware fir dëse wichtege Moment mat ze erliewen.

D’Fondatioun «Solina», déi och dobäi war, huet vum Schäfferot a vun der Integratiounskommissioun e Scheck vu 1700 € iwwerreecht kritt, den Erléis vum leschte Multi-Culti.