Show-Concert "Alan Parsons"

15
Nov
2024
15 Nov

D’Harmonie Klengbetten invitéiert iech op hiren 20. Show-Concert, deen dëst Joer ënnert dem Thema „Alan Parsons“ steet. Dëst de 15. November am Centre culturel „Keeseminnen“ zu Stengefort ënnert der Direktioun vum Rob Köller.


Den Alan Parsons ass een engleschen Audioingenieur, Museker a Produzent bekannt fir seng Aarbecht op legendären Alben ewéi The Beatles hirem „Abbey Road“ an „The Dark Side of the Moon“ vu Pink Floyd.

Hien huet spéider den Alan Parsons Project gegrënnt, wou Rock mat orchestralen an elektroneschen Elementer vermëscht gouf. Bekannt fir seng Museks-Produktioun a seng revolutionär Tountechnik, ass den Alan Parsons eng vun de Referenzen am progressive Rock an an den Audio Produktioune ginn. Seng innovativ Techniken hunn ewéi bei kengem aneren en Impakt op der ganzer Museksindustrie hannerlooss.


Special Guests: Phil & Oli | Vocals


Ufank ass um 20h00 (Dieren ab 19h00).

Den Ticket kascht 12€ (10€ fir d’Studenten) a Kanner bis 12 Joer si fräi.


Mir géifen eis freeën iech dee flotte Programm presentéieren ze kënnen.


E Green-Event fir de Ressourcëverbrauch ze reduzéieren.


Org.: Harmonie Klengbetten ënnert dem Patronage vun der Gemeng Stengefort