ALEM - Association Luxembourgeoise des Étudiants en Médecine

Léif Medezinstudentinnen, Medezinstudenten an Médecins en voie de specialisation,

den ALEM-Comité wënscht ierch en schéint neit an erfollechräicht Joer! D’Joer 2010 gouf matt enger flotter Assemblée Générale (AG) Ordinaire cloturéiert. E grouße Merci un all déi Memberen déi present waren! Vu datt d’ALEM ëmmer mei komplex gëtt, eng gréißer Präsenz bei den Medezinstudenten ubidde well an déi bescht méigelech Berodung garantéiere wëll, gouf eise Comité däitlech erweidert. Wéi dier sëcherlech wesst wollte mier op eiser AG d’Statuten änneren. Leider konnte mier daat net machen well net genuch Memberen matt ofgestëmmt hun. Dofier wärte mier demnächst eng AG extraordinaire organiséieren. Wichteg: Mier brauchen nach en Membre consultant Uni.lu fir eise Comité ze vervollstännegen! - Dier léiert vill nei Medezinstudente kennen an sidd an eisem Team gudd opgehuewen ;o)

2011 gëtt en ganzt ambiziéist Joer, well mier probéieren natierlech alles nach besser ze maachen wei 2010:
Op nationalem Plang versiche mier a Campagnen méi aktiv ze sin, außerdem soll ‚Démographie médicale 2010‘ veröffendlecht gin (all Member kritt en Exemplar gescheckt). D’Projet’en vun 2010 gin natierlech beibehaalen. Mier informéiren ierch 2011 och iwert den 3ème cycle médecine générale op der Uni.lu.
Waat den internationale Plang betrëfft versiche mier ierch rem sou gudd wei méigelech iwert Ännerungen an den eenzelnen Studienlänner ze informéieren. Och d’IFMSA Deelnahm soll dëst Joer erëm groußgeschriwe gin. An nach villes méi...
Op eisem Internet Site www.alem.lu gin 2011 och eng Rei Verbesserungen fiergeholl.

Mier brauchen är Ënnerstetzung damat mier eis Projet’en optimal ëmsetze kënnen. Damat dier besser bescheed wesst waat am lëtzebuergechen Medezinswiesen sou lass ass, erméigeleche mier all Member den ‚Corps médical‘ vun der AMMD gratis heemgescheckt ze kréien.

Alles an allem, welle mier eis Begeeschterung fier sozialt Engagement mat ierch deelen – Medezin ass méi wei nëmmen e Studium.


Ären ALEM-Comité 2011