No engem Joer haarder Aarbecht ass endlech ‚Démographie Médicale du Luxembourg 2011‘ (voir www.alem.lu) publizéiert! D’Redaktioun vun dëser Brochure huet der ALEM erméiglecht méi déif Asiichten an eis d’Gesondheetssystem ze kréien an op verschidde Problemer opmierksam ze maachen, déi mir och an der Conclusioun vun eiser Etude erwähnen. Wei d’ALEM zu den Themen ‚Ärztemangel‘ an ‚Mangel un Orientatioun vu Medezinsstudenten‘, souwéi och zu aner Problematike steet, gëtt am folgende Communiqué erläutert.
An 10 bis 20 Joer kennt en Ärztemangel op Lëtzebuerg zou well momentan 50% vun den Dokteren iwwer 50 Joer al sinn, d’Relève net grouss genuch ass, eng Tendenz fir méi Deelzäitaarbecht do ass (ënneranerem och well d’Zuel vun Dokteschen demnächst enorm steigt) an well eng Pénurie vun Dokteren en europäescht Problem ass. Donieft huet een och eng Alterung vun der gesamter Bevëlkerung, wat zu engem méi grousse Besoin un medezinescher Leeschtung féiert.
Fir spéider akut Pénurien ze verhënneren, kann d’ALEM ni genuch ënnersträiche wéi wichteg et ass Kontakt mat Medezinsstudenten an Médecins en voie de spécialisation (MEVS) opzehuelen. Dat ass momentan leider net méiglech well praktesch déi ganz Ausbildung am Ausland ass, an d’ALEM de Kontakt mat hinne verléiert. D‘Démographie gëtt vun der ALEM schätzungsweis u ronn 150-200 Medezinsstudenten aktiv weidergeleet. E Brochdeel vun den 700-800 Medezinsstudenten déi et anscheinend ginn.
Eng effektiv Orientatioun soll folgend Mindestufuerderungen hunn:
- Demographesch Statistike solle regelméisseg all 1-2 Joer aktualiséiert ginn. D‘rigouréis Erfierhiewung vun Nofro an Ugebuet duerch kompetent medezinesch Institutiounen ass onverzichtbar.
- Déi Informatioune soll d’Majoritéit vun den Medezinsstudenten an MEVS areechen. Dat ass nëmme méiglech wann CEDIES d'Kontaktadressen vun de Studenten zu Verfügung stellt.
D’Kontaktopnahm an d‘Orientatioun huet eneranerem folgend Virdeeler:
- Vill Medezinsstudenten si bis zum läschte Studiejoer nach net ganz entscheet wat fir eng Spezialisatioun se sollen entaméieren. Eng Orientatioun leescht Entscheedungshellef.
- Lëtzebuergesch Spideeler déi d’AMMD oder d’ALEM kontaktéiere fir nozefroe wat ënnerwee ass, kréien dorobber déi enttäuschend Äntwert datt een et net weess. Wann eng Kontaktopnahm mat MEVS méiglech ass, kennen déi aktiv vun de lëtzebuergesche Spideeler op offe Plazen higewise gin.
Fir enger Pénurie entgéint ze wierke brauch Lëtzebuerg vill méi Nowuessmedeziner d.h. Lëtzebuerg muss bei wäitem méi un Attraktivitéit fir d’Medezinsstudente gewannen. Dofir kennt d’ALEM net emhir, besser Konditioune fir d’medezinesch Stagen zu Lëtzebuerg ze revendiquéieren. No der ALEM soll all Medezinsstudent d’Recht hunn, eng Indemnitéit während senge Stagen ze kréien. Bis elo verdéngt den Medezinsstudent an den Stagen näischt! De Medezinsstudent huet aus folgende Grënn, e Recht op e Verdéngscht während de Stagen:
- De Medezinsstudium ass zeitopwändeg, deier an obligatoresch am Ausland. Fir d’Majoritéit ass et net méiglech nieft dem Studium, enger bezuelten Aarbecht nozegoen.
- Stage mussen an de Vakanze gemaach gin d.h. e bezuelte Vakanzenjob zu Lëtzebuerg ass kaum méiglech.
- Vill Medezinsstudente sinn op den Prêt vu CEDIES ugewisen. No 6 Joer accumuléiert sech eng Schold vu 40.000€. Als MEVS mat engem ufängleche Verdéngscht vun am Schnëtt ongeféier 1800-2100€ Brutto (an Däitschland oder Lëtzebuerg) am Mound muss déi Schold dann zeréckbezuelt ginn.
Effektiv bréngen Däitschland, Frankräich, Belge, Schwäiz an Éisterräich et fäerdeg Medezinsstudenten an hire Stage oder an den Nuetsdengschten finanziell ënnert d‘Äerm se gräifen. D’ALEM fuerdert datt d’Indemnitéit während den Stage mindestens käschtendeckend soll sinn.
D’ALEM beméit sech als eng neutral Associatioun all dëst Zieler ze erreechen.