D'ALEM feiert seng 45 Joer

D’ALEM (Association Luxembourgeoise des Étudiants en Médecine) gouf elo am August 45 Joer al. Dofir huet d’ALEM sech mol op d‘Sich no senge Grënnungsmembere gemaach an ass esou op den Dr Guy Scheifer gestouss, den eis Informatiounen iwwert d’Grënnung ginn huet.

1966 haten e puer lëtzebuergesch Medezinsstudenten d‘Iddi zesummen eng Associatioun ze grënnen. Zu deene Studenten hunn den Guy Scheifer, Roger Arendt, Guy Glaesener, Georges Rihm an den Gust Esslingen gehéiert. Duerch d‘ALEM wollten si e puer Problemer vun deemools léisen déi den Medezinsstudent betraff hunn.

Zu deier Zäit gouf den obligatoresche Militärdéngscht fir déi zukünfteg Dokteren op 6 zousätzleche Méint verlängert, wat awer och een méi héigen Grade mat sech gefouert huet. D‘ALEM wollt sech dofir asetzen dat den zousätzleche Militärdéngscht fir déi zukünfteg Arméidoktere méi kuerz gëtt an dat den obligatoresche Militärdéngscht ofgeschaf gëtt. An den 60er Joeren war allgemeng Ëffentlechkeet géint dës Form vun Militärdéngscht an sou gouf am Juni 1967 den obligatoresche Militärdéngscht ofgeschaf.

De lëtzebuergesche System vun den Examen fir en nationalen Diplom ze kréien war deemools och net méi zäitgeméiss, genau sou wei den Accès zu den Spezialitéiten via eng national Lescht. D‘ALEM wollt sech dofir asetzen dat déi lëtzebuergesch Medezinsstudenten an d‘Studiumsystem vun den eenzele Studienlänner integréiert ginn an och sou hier Spezialisatioun wielen. Leider war zu deier Zäit den Medezinsstudium an den eenzele Länner nach net harmoniséiert. Dauer vun den Spezialisatiounen war ganz ënnerschiddlech vun engem Land zum aneren. Wat sech awer dunn och an den dorop folgende Joeren geännert huet.

D‘ALEM huet sech awer och schon deemools zu Häerz geholl Medezinsstudenten an den eenzele Länner ze informéieren.

Hautdesdaags huet d‘ALEM natierlech eng Partie nei Zieler an Projet‘en. Dozou gehéiert d‘Organisatioun vun der Petziklinik, Kommunikatioun zwëschent den Spideeler an den Studenten, Entrevuen mat verschiddenen Instanzen sou wei den Gesondheetsministär oder den Heichsoulministär mee och d‘Élaboratioun vun der „Démographie médicale“ déi lo am Hiecht eraus kennt. Fir eis Memberen organiséiere mir och all Joer eng Visite. Dest Joer ware mir an den „Centre Francois Baclesse“ zu Esch/Alzette, mä mir waren awer och schon an den Rehazenter oder bei „Luxembourg Air Rescue“.

Am Summer war d’ALEM um “August Meeting” vun der IFMSA (International Federation of Medical Students' Associations). Dëse Meeting war zu Kopenhagen mat dem Thema “Health and the Future”. Dest huet eis erméiglecht International Kontakter ze schléissen, eis un Projet‘en vun anere Länner ze inspiréieren an eis an „Trainings“ (wei z.b. Project Management) weiderzebilden. Mir sinn stolz drop datt mir ënnert den 1200 Medezinsstudenten déi aus aller Welt present waren, Lëtzebuerg konnte representéieren.

Vue dat eise Logo och schon eng Partie Joeren um Bockel huet, hunn mer decidéiert fir op eisem 45 Joresdag eise Logo ze wiesselen. Den Design kennt vum Lisa Keiffer an mir soen him Merci fir seng gutt Aarbecht.

Stousse mer un fir dat d‘ALEM och nach wieder 45 Joer präsent ass an sech fir Medezinsstudenten asetzt!


Fier d’ALEM,

Isabelle Jung an Sébastien Rinaldetti