Rotary Club Dikrich-Ettelbréck: Spidol Material un Hôpital Sans Frontière

Op Initiativ vum Rotary Club Dikrich-Ettelbréck ass  een Deel vum  ausgelagerten Material  vum Centre Hospitalier du Nord  un Hôpital Sans Frontière gespent ginn. Den Depart vum Camion beim CHdN war den 21ten Dezember a Präsens vun villen Club Membren.  

Mir soen der Direktioun vum CHdN a senge Servicer villmools Merci fir de generéisen Don un Hôpital Sans Frontière. HSF ass eng gemeinsam Initiativ vum Rotary an der Belsch an zu Lëtzebuerg. Zanter senger Grënnung huet HSF méi wéi 850 humanitär Projeeën ënnerstëtzt an gebrauchten Spidol Material a villen Regiounen an Afrika an Asien rëm zum Asaz bruecht.