Aarbechten um Kolpingslokal sou gutt wéi färdeg


Ganz vill Asaatz fir de Kolping Feelen


Viru kuerzem war d’Generalversammlung vum Kolping Feelen am Kolpingslokal zu Uewerfeelen. No der Begréissung vun den Éieregäscht, an dem Ofhale vun enger Gedenkminutt fir Kolpingsmemberen, Frënn a Bekannten, huet de President Fons Schmitz verschiddene Leit Merci gesot, fir dat wat am leschte Joer fir de Kolping Feelen geleescht gouf. Sou der Gemeng, fir déi finanziell a moralesch Ënnerstëtzung, fir d’Realisatioun vu verschiddenen Aarbechten am Kolpingslokal, souwéi och dem Gemengepersonal an den Aarbechter fir hir Hëllef. Fir de Chrëschtbeemerchersverkaaf ass an der Persoun vum Jempi Majerus vu Schieren ee Mann vum Fach fonnt ginn. Dem Renato Barbato ee grousse Merci fir säin Privatparking, deen hie bal 2 Joer gratis zur Verfügung gestallt huet, souwéi och dem Koetz Pol an der Redaktioun vum Louschlëssel fir déi wonnerschéin Artikelen iwwer de Kolping Feelen an der Ausgab vum Mee. An dem Aktivitéitsbericht gouf ee Réckbléck op d’Joer 2017 gemaach an et gouf festgestallt datt bei iwwer 140 Deeg d’Memberen um Dill waren. Haaptpunkte waren de Chrëschtmaart mat der Krëppenausstellung, souwéi déi wöchentlech Kollekt vun de Kleeder aus de Container an deene verschiddenen Uertschaften am Norden. All Dënschdeg an all zweete Mëttwoch sinn dräi Leit ënnerwee, fir déi Kollekt duerchzeféieren. Am September war och déi alljäerlech grouss Stroossesammlung, wou de Kolping Feelen 4 Site geréiert: Klierf, Wooltz, Réiden an Ettelbréck. Och un de „Journées du Bénévolat gouf 2017 deelgeholl, an Zesummenaarbecht mat der Associatioun „De Leederwon Asbl“ vu Betzder. Während 2 Deeg sinn Eisekuche gebak ginn, mat engem Gedrénksstand, bei Geleeënheet vun der Internationaler Kutschenausfahrt zu Mertert, Bierg a Betzder, wou den Erléis integral un de „Leederwon“ gaangen ass. An Zukunft gekuckt ass och schonns sou munches fir 2018 virgesinn: Bedeelegung un de kierchlechen a weltleche Manifestatiounen, déi 51. International Friddenswanderung zu Schirgiswalde an der Lausitz, d’Aktioun Aalt Gezei (21/09 + 22/09) an och d’Krëppenausstellung vum 9.12.-16.12., an als Ofschloss den traditionelle Chrëschtmaart (16/12) am Hennesbau zu Nidderfeelen.

De Bilan vun der Keess gouf vum Jeanny Berns-Ries presentéiert an d’Keeserevisore Josée Klein-Majerus a Jos Hansen hunn Decharge ginn. Fir déi 3 kommend Joer ersetzt de Camille Braun de Jos Hansen als Keeserevisor.

Un Hand vu Chifferen huet de Jean-Marie Bormann d’Container- an d’Kleedersammlung presentéiert. 2016 ware ronn 2000 Tonnen an de Container, an 2017 goufen iwwer 2600 Tonne gesammelt. Bei der Stroossesammlung ware landeswäit 260 Tonnen zesummekomm. Dofir goung säi Merci un d’Leit déi d’Kleeder an déi orange Container awerfen, wou een d’Kleeder an Tute soll maachen an déi dann och soll zoustrécken.

Am Numm vum Kolping Zentrum huet d’Nationalpresidentin Marie-Jeanne Brauch, a Vertriedung vum Annette Schroeder, dem Kolping Feelen Villmools Merci gesot fir déi vill Aarbecht am Laf vum vergaangene Joer an och der Gemeng Feelen fir dat schéint Gebai an och den Ënnerhalt vun deemselwechten.

Zum Schluss vun der Generalversammlung huet de Buergermeeschter Fernand Mergen dem Kolping Feelen ee grousst Luef ausgeschwat fir déi benevole Aarbecht an déi ganz vill Aktivitéiten am vergaangene Joer. D’Fassade ass isoléiert ginn a mam Ustrach am Gebai ass bal alles fäerdeg, mee et bleiwen nach kleng Aarbechten an Installatiounen ze maachen.

Bei der fräier Aussproch huet de President Fons Schmitz schonns ee Bléck op d’Joer 2019 gehäit, wou de Kolping Lëtzebuerg déi 52. International Kolping-Friddenswanderung zu Veianen wäert organiséieren a wou ongeféier 250 Kolpingsfrënn erwaart ginn.

Wann een interesséiert ass, fir beim Kolping Feelen am Komitee oder als Member matzeschaffen oder un der Krëppenausstellung (9.-16.12.2018) deelzehuelen, kann een sech beim President iwwer E-Mail (freichel@pt.lu) oder telefonesch (810822) mellen. All Hëllef ass wëllkomm.